arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LSAP dementéiert d'Virwërf vun Amëschung

No Virwërf

|
headphones

3 min

headphones

8 min

play_arrow

LSAP dementéiert d'Virwërf vun Amëschung

No méintelaange Streidereien an Diskussioune ronderëm Mobbingvirwërf géint d’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet, huet si um Mëttwochowend an enger Gemengerotssëtzung hir Demissioun annoncéiert. Déi politesch Turbulenzen an der Gemeng gi weider.

headphones

3 min

headphones

8 min

play_arrow
Marion Zovilé-Braquet, Buergermeeschtesch vu Conter | © Morgane Weidig
Marion Zovilé-Braquet, Buergermeeschtesch vu Conter (Foto: Morgane Weidig)

Dräi Méint virdrun hat d’LSAP-Schäffe Stéphanie Ansay gekënnegt.

Iwwer hir eegen Demissioun weist d’Marion Zovilé-Braquet sech enttäuscht, wann net esouguer traureg. Hir hätt d’Aarbecht an der Gemengepolitik Spaass gemaach, erkläert si en Dag no hirer Annonce am 100,7-Interview.

Si hätt net wéilten demissionéieren, awer iergendwann wieren hir déi d’Mobbingvirwërf och “un d’Niere gaangen”, esou d’CSV-Politikerin.

An da leschte Wale war d’CSV mat ronn 44 Prozent meeschtgewielt, kuerz hannendru loung d’DP mat ronn 24 Prozent.

“Do hu mir eis gesot, et wier jo am Fong logesch: Déi zwou stäerkst Parteien, wann déi zesumme ginn.”

Gambia 2.0 fir Conter?

Et hätt een och zwou Reunioune mat der DP doriwwer gehat. Ma d’Marion Zovilé-Braquet wier awer iwwer Telefon vun der DP informéiert ginn, datt een net mat der CSV wéilt an eng Koalitioun goen, et géif een un enger Gambia schaffen.

“Doropshin hunn ech du gesot, dann huet et jo kee Wäert méi. Wa si elo wëllen eng Gambia maachen, da stëmme si spéitstens de Budget net mat.”

Déi demissionär Buergermeeschtesch weist sech éischter iwwerrascht iwwer de Wëlle fir eng Gambia-Koalitioun anzegoen. Dat wier “e gebranntes Kind”. Elo hätten déi Concernéiert hir Meenunge geännert, da wier dat esou, seet d’Marion Zovilé-Braquet.

Wéi et duerno fir d’demissionär Buergermeeschtesch weider geet, wollt si zu dësem Zäitpunkt nach net verroden.

Nationalen Drock vun der LSAP

Am Géigesaz zu der nationaler LSAP, hätt déi national CSV sech aus der Gemengepolitik erausgehale, seet déi demissionär Buergermeeschtesch.

D’Marion Zovilé-Braquet seet, datt d’Stéphanie Ansay dacks “traureg” gewiescht wier a vill Drock vun hirer nationaler Partei kritt hätt. Drock virun allem fir géint d’Marion Zovilé-Braquet ze goen.

“An dunn ab Januar huet si (Stéphanie Ansay) ëmmer erëm gesot, datt hir Nationalpartei, si géif ënner Drock setzen, hir eege Sektioun natierlech och, mat hirem Virgänger, vum Fernand Schiltz, an datt si gär hätten, datt si géif géint mech goen. An hir Ausso war ëmmer ‘ech ginn net géint dech’ well du méchs deng Saach hei super an do ginn et och Zeien, den Här Loose soutz do niewendrun, deen anere Schäffen, an du däerfs hei op kee Fall ophalen.”

Den LSAP-Co-President Dan Biancalana fënnt de Reproche, datt d’LSAP-Spëtzt hei soll Afloss geholl hunn, e staarkt Stéck. Hien dementéiert am 100,7-Interview, datt déi national LSAP op d’Conterner-Schäffin soll Drock ausgeüübt hunn. 

“Zemools wann si probéiert elo all Responsabilitéit vu sech ze weisen. Et muss ee wëssen, datt am Fonctionnement vun der LSAP hunn eis lokal Sektiounen, déi hunn do hir Autonomie. Déi gëtt bei eis groussgeschriwwen an déi gëtt och bei eis respektéiert. Dat heescht, d'Entscheedung hei hëlt ganz eleng d'Sektioun. Déi brauch eis am Fong dann deementspriechend keng Rechenschaft ofzeginn. Dat heescht, et soll een am Fong d'Schold net bei deenen anere siche goen, mee effektiv da bei sech selwer. Hei gouf keng Aflossname vun der nationaler Politik.”

Och bei de weidere Verhandlungen ëm eng Gambia-Koalitioun, also DP, dei gréng, an d'LSAP an der Gemeng Conter géif d'LSAP-Spëtzt net matschwätzen, esou nach den Dan Biancalana.

Wéi den DP-Gemengerot Rob Axmann op eis Nofro hi konfirméiert, wieren d’Verhandlungen fir eng Gambia-Koalitioun an der Gemeng Conter an der Endphas, a géife ganz gutt verlafen.

play_arrow Lauschteren