arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gefälschten Internetsitte fir Online-Banking 

Police warnt

|
reading time

1 min

Gefälschten Internetsitte fir Online-Banking 

An der leschter Zäit wieren eng ganz Partie Fäll gemellt ginn, bei deenen Notzer:inne vun Online-Banking-Servicer op falsch Webbanking-Portaler gelant wieren, déi genee wéi déi richteg géifen ausgesinn, esou d’Police. 

reading time

1 min

Illustratioun Cyberkriminalitéit | © picture alliance / Zoonar | Anastasiia Torianyk
Illustratioun Cyberkriminalitéit (Foto: picture alliance / Zoonar | Anastasiia Torianyk)

D‘Affer wieren an der Reegel iwwer e Link vun enger Sichmaschinn wéi Google gefuer. D‘Police réit, nëmmen iwwer déi offiziell App vun der Bank oder déi offiziell URL vum Webbanking-Portal ze fueren an nimools iwwer soss en einfache Link.