arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Geeschterfuerer op der A7 war staark alkoholiséiert

Parquet

|
reading time

1 min

Geeschterfuerer op der A7 war staark alkoholiséiert

Nom déidleche Verkéiersaccident e Sonndegowend op der A7 gouf elo eng Untersuchungshaft ordonéiert. Wéi de Parquet haut um Freideg matdeelt war de presuméierte, schëllege Chauffeur den Ament vum Accident schwéier alkoholiséiert, dat hätt sech bei der Enquête erausgestallt.

reading time

1 min

Elo gëtt géint hie wéinst Homicide involontaire enquêtéiert. De concernéierte Mann soll op Suessem bruecht ginn, soubal sech säi Gesondheetszoustand verbessert. Den Ament ass hien nach hospitaliséiert.

E Sonndegowend waren op der A7 zwee Autoen aneneegerannt. Ee vun den zwee involvéierten Automobiliste war dobäi als Geeschterfuerer ënnerwee a gouf blesséiert. Deen anere Chauffeur, de Museker "Pascal vu Wooltz", ass nach op der Plaz verscheet.