Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Tocotronic - Denn sie wissen was sie tun

play_arrow Live
search

/ Gedenken un de Max Hengel 

Hommage an der Chamber

Gedenken un de Max Hengel 

Am fréien Nomëtte gouf an der Chamber dem Max Hengel geduecht, dee Mëtt August gestuerwen ass.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

De Parlamentspresident Claude Wiseler huet vun engem Schock geschwat, och wann ee gewosst hätt, datt den CSV-Deputéierte krank war. 

“De Max huet iwwerall e ganz déift Lach hannerlooss, virop bei senger Famill a senge Frënn, mee och hei an der Chamber, an net nëmmen a senger Partei a Fraktioun, mee queesch duerch all politesch Parteien, a senger Gemeng an an de Veräiner.”

De Max Hengel wier mat Begeeschterung Deputéierte gewiescht a souguer krank op de Krautmaart komm, fir vereedegt ze ginn. Den Ost-Deputéierten a Buergermeeschter vu Wuermer hätt de Leit an der Chamber gesot gehat, datt hie krank wier, awer net, wéi krank datt hie wier. Hien hätt gekämpft, ni geklot a géif feelen, sou de Claude Wiseler. 

Nieft dem Chamberpresident hunn och nach den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz an de Premier Luc Frieden un de Max Hengel erënnert.

Lauschterenplay_arrow