Zënter dräi Méint gëllt eng Wafferou an der Gazasträif. Déi gëtt awer ëmmer nees gebrach. Zënterhier wieren iwwert 400 Palästinenser bei israeeleschen Attacken ëm d‘Liewe komm, esou déi palästinensesch Gesondheetsautoritéiten, déi vun der Hamas kontrolléiert ginn.
arrow_back_ios
Noriichten
Noen Osten
|Gazasträif: 13 Doudeger duerch israeelesch Attack
Ënnert den Doudege wier ee Kand, esou déi palästinensesch Rettungsdéngschter. Déi israeelesch Arméi huet präziséiert: Si hätt eng Plaz ugegraff, vu wou aus Extremisten eng Rakéit hätte wëlle fortschéissen.
Mënschen traueren ëm hir Verstuerwen – Israel huet trotz Waffestëllstand op en Neits Ziler an der Gazasträif ugegraff – 9. Januar 206 (Foto: EPA/HAITHAM IMAD)