Den Donald Trump weist d‘Reprochen zeréck a schwätzt vun engem politesch motivéierte Prozess. Bei där éischter Geriichtsseance, wou den Donald Trump dobäi war, goung et ëm d'Selektioun vun den 12 Membere vun der Jury. An dësem Fall ass dat besonnesch schwiereg, well d‘Jurymemberen neutral musse sinn.
Direkt am Ufank goufen Dosende potentiell Kandidaten ausgeschloss, well si dem Riichter soten, si kéinten net neutral vis-à-vis vum Donald Trump sinn. D‘Juryselektioun kéint e puer Deeg laang daueren.