Déi éischt Phase vu "Future Generation" wier ee Succès gewiescht, soen déi Responsabel vum Projet. Iwwer 200 jonk Leit huet d’Initiative begleet an iwwer 80 Prozent hätten doduerch hire Wee an d’Beruffsliewe fonnt. Sief dat ee fest Aarbecht, en eegene Projet oder eng Formatioun.
No véier Joer géifen iwwer 90 Prozent vun enger signifikativer Verbesserung an hirem Liewe schwätzen. Dowéinst géif een elo de Projet weiderféieren. An den nächste véier Joer wëllt ee weider 240 jonk Leit am Alter tëschent 18 an 29 Joer begleeden, motivéieren an ënnerstëtzen.
Perséinlech Entwécklung steet am Virdergrond
Et ass een intensiven aacht-Woche-Programm, deen an dräi Deeler opgedeelt ass. Als aller éischt geet et ëm de perséinlechen Developpement, bei deem d’Participanten ee Wee fir sech solle fannen. Begleet vun de Coache vu Youth and Work ginn zesummen Ziler definéiert, erkläert déi nei Responsabel vum Projet, d’Elisa Spada.
"Duerno, wärend véier Woche gi se an eng richteg Entreprise, déi e richtege Projet huet, bei deem se wärend véier Woche voll dra schaffen an dee Projet selwer op d'Bee stellen."
Duerno géife se nees fir zwou Wochen zeréckkommen.
"An do maache mer e klenge Point, wéi alles gelaf ass a wat se vun där Experienz geléiert hunn, wéi se sech vun do weider entwéckelt hunn a wéi se wëlle weider an d'Zukunft goen."
U sech selwer gleewen als Motivatioun
Ee vun deene gréissten Defise wier et, datt Entreprisen ëmmer Beruffserfarung géife froen, erkläert Kristina Nincevic, Gerante a Coach bei Youth and Work. An ee weidere wichtege Facteur, wier datt déi Jonk net op d’Beruffswelt virbereet wieren.
"Dat heescht, si gleewen net u sech, si schécken d'Kandidaturen eraus a kréie just negativ Äntwerten an et feelt een och d'Méiglechkeet ze experimentéieren, Erfarungen ze sammelen."
Viraussetzung fir an deem Projet Erfolleg ze hunn, wier awer déi eege Motivatioun an de Wëllen eppes ze änneren, esou nach d’Kristina Nincevic.
"Dann hu se mat eis, mat de Coachen, tatsächlech een, deen u si gleeft. Dat ass ganz wichteg. A mir gleewe ganz déif u si, well all Jonker hunn e Potenzial, fir hirt Liewe selbstänneg ze liewen. An dann ass et effektiv esou, datt dee Projet ee Booster ass."
Et géif also virun allem drëm goen d’Selbstwäertgefill vun deene Jonken ze stäerken. Dat hätt och bei him funktionéiert, erkläert ee vun de leschte Participanten.
Vun "ech gleewen net u mech" op eppes eleng probéieren
De Yann huet 28 Joer an huet de Projet Future Generation an enger schwierege Phas vu sengem Liewen entdeckt. De Projet hätt him aus engem Lach erausgehollef, erkläert de Yann.
"Mee wat et halt einfach ausgeléist huet, ass datt ech aus deem Lach do erauskoum vun "ech gleewen net u mech, ech kommen net virun, ech weess net wat ech maache soll": Vun Onwëssen op schonn eleng probéieren, sech ze traue gewësse Saachen unzegoen, gewësse Projeten unzefänken, déi villäicht nach ni ee gemaach huet."
Haut huet de Yann eng fest Aarbecht an ass responsabel fir eng Ekipp.
"Deemools war ech einfach just Aarbechter, deen exerzéiert huet, deen einfach dat gemaach huet, wat een him gesot huet. Haut sinn ech och éischter déi Persoun, déi d'Aarbecht siche geet, déi probéiert d'Saachen ze evoluéieren, ze verbesseren. Wann ech gesinn hei, déi System fonctionéiert net, looss emol dat probéieren."
An den éischte véier Joer hat de Projet e Budget vu ronn 700.000 Euro. Fir déi nächst véier Joer ass eng liicht méi héich Enveloppe virgesinn, genee Zuele wollten déi Responsabel awer net nennen.
Landwirtschaftsministère klëmmt an de Projet eran
Bis ewell huet de Projet mat 14 verschiddenen Entreprisen zesumme geschafft, fir déi nächst Phas sollen nach deen oder anere bäikommen, esou d’Gerante.
Bis ewell waren dat reng privat Acteuren, ma fir déi nächst Editioun wier villäicht och ee staatlechen Acteur dobäi: De Landwirtschaftsministère.
"An déi fannen eis Iddi mat deene Jonken zesummen ze schaffen immens intressant. A wie weess, wat d'Zukunft nach bréngt."
Déi zweet Editioun soll iwwerdeems vun enger Etude begleet gi fir d’Resultater genee kënnen ze moossen. Dofir wier een den Ament nach mat ënnerschiddlechen Acteuren a Gespréicher, dorënner och d’Uni Lëtzebuerg.
D’Responsabel Elisa Spada kuckt mat Zouversiicht an Optimismus op déi nächst Joren.
"Datt jiddereen dat erauskritt, wat e kann a wat e wëll. Datt eis Teilnehmer eng Aarbecht fannen oder hire Projet ausliewe kënnen. Datt eis Partnerschafte weiderhi gutt fonctionéieren. Datt mir eis als Coachen och selwer weiderentwéckelen, well mir léiere genau esou vill derbäi wéi d'Jugendlecher. All Teilnehmer bréngt eis och eppes bäi. An dat ass einfach fantastesch."
De 26. Mee geet et da lass.