Vill spuenesch Golchancen, mee laang kee Gol: Eréischt an der 106. Minutt vun der Verlängerung huet de Ferran Torres Spuenien erléist. Argentinien ass eréischt duerno geféierlech ginn, mee konnt déi spuenesch Dominanz net méi briechen.
An der éischter Hallschent vun der Verlängerung huet den Arbitter e Gol vu Spuenien annuléiert, well hien de Spuenier en Offensivfoul virgeheit huet. An der zweeter Hallschent vun der Verlängerung huet e spuenesche Gol wéinst engem knappen Abseits net gegollt.
Giel-rout fir Argentinien
An der Verlängerung war Argentinie just nach zu 10 um Terrain. Den Enzo Fernández krut an der 93. Minutt wéinst engem Foul giel-rout. kuerz éier et an d'Verlängerung gaangen ass.
D'Fussball-Weltmeeschterschaft gouf vun den USA, Kanada a Mexiko organiséiert. Vum 11. Juni bis dësen 19. Juli ware fir d'éischte Kéier am der WM-Geschicht 48 Ekippen um Start.