search

/ Fuerderung no méi Mindestloun - Demonstratioun virum Aarbechtsministère

Gewerkschaftsaktioun

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Fuerderung no méi Mindestloun - Demonstratioun virum Aarbechtsministère

Virum Aarbechtsministère op der Stater Gare hunn sech de Moie fréi eng 100 Demonstrante vum OGBL an LCGB zesumme fonnt, fir eng Demonstratioun géint d’Virgoe vun der Regierung a Saache Mindestloun.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Manifestatioun virum Aarbechtsministère | © Sté Bisenius
Manifestatioun virum Aarbechtsministère (Foto: Sté Bisenius)

De Message vum Front Syndical de Moie war kloer: 300 Euro méi Salaire fir déi Leit, déi de Mindestloun verdéngen. 

D’Regierung hätt eng unilateral Entscheedung getraff an déi kéint een net esou hin huelen, huet et virum Aarbechtsministère geheescht.

Den aktuelle Mindestloun géif net duer goen, fir iwwer d’Ronnen ze kommen, esou de Message vun de Gewerkschaften.

Patrick Dury: "Mir erwaarden eis Resultater"

Dowéinst géif een och doru festhalen, datt an der Tripartite doriwwer verhandelt gëtt, huet den LCGB-President Patrick Dury erkläert.

“Mir erwaarden eis Gehéier. Mir erwaarden eis Resultater. D'Lëtzebuerger Gewerkschafte ginn normalerweis de Wee vun de Verhandlungen. Dat ass zu dësem Moment net méiglech. Dofir musse mer déi Aktiounen do maachen. Mir ginn trotzdeem an d'Tripartite. Dat ass ganz kloer. Mir wäerten déi och ganz seriö preparéieren. Mee mir ginn heihinner, mir maachen déi Aktiounen, mir gi verhandele fir Resultater am Sënn vun deene Leit, déi mir vertrieden. Dat läit eis um Häerz.”

Den Aarbechtsminister Marc Spautz (CSV) ass géint Enn vun der Manifestatioun virun d’Dier vum Aarbechtsministère komm fir mat de Responsabele vun de Gewerkschaften ze schwätzen. Hie wier haut méi spéit um Büro gewiescht wéi soss, esou de Marc Spautz op Nofro hin.

Bilateral Gespréicher an Tripartite

Muer Mëttwoch si bilateral Gespréicher tëschent der Regierung an de Sozialpartner. Den 12 Mee wäerten d’Tripartite-Verhandlungen ugoen.

Fir deen Dag hunn OGBL an LCGB scho haut weider gewerkschaftlech Aktiounen ugekënnegt.

play_arrow Lauschteren