arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fuederung no obligatoresche Quote fir Flüchtlingsstrukturen

Déi Lénk Péiteng

|
headphones

1 min

Fuederung no obligatoresche Quote fir Flüchtlingsstrukturen

Et wier e Skandal, datt et zu Péiteng, also déi fënneft gréisst Gemeng am Land, keng fix Accueil-Struktur fir Flüchtlingen a Migrante gëtt. Dat schreiwen Déi Lénk vu Péiteng an engem Communiqué.

headphones

1 min

Bett Flüchtlingsstruktur | © picture alliance / imageBROKER | Sylvio Dittrich
Bett Flüchtlingsstruktur (Foto: picture alliance / imageBROKER | Sylvio Dittrich)

Si fuerderen, datt fir all d‘Gemengen am Land obligatoresch Quoten ageféiert ginn, fir Strukture fir Flüchtlingen a Migranten zur Verfügung ze stellen.

Zu Péiteng ruffen déi Lénk déi politesch Responsabel op, als temporär Léisung, Logementer fir Flüchtlingen a Migranten zur Verfügung ze stellen.

Si weisen och drop hin, datt de Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf mëttelfristeg eng Léisung an Aussiicht gestallt huet. Dat op enger Plaz, déi fräi gëtt, wann eng Bensinnsstatioun an der Gemeng plënnert.