arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fuerderung fir Baustopp vum Contournement zu Käerjeng

BIGS a MouvEco

|
headphones

1 min

Fuerderung fir Baustopp vum Contournement zu Käerjeng

De Contournement vu Käerjeng steet erëm an der Kritik. Do hunn elo déi éischt Aarbechten ugefaangen an d'Biergerinitiativ vu Suessem BIGS an de Mouvement écologique fuerderen, datt déi Aarbechten direkt agefruer ginn. Dat esou laang, wéi de Geriichtsprozess net ofgeschloss ass.

headphones

1 min

Demonstrante virun der Suessemer Gemeng. | © Jacques Ganser
Demonstrante virun der Suessemer Gemeng. (Foto: Jacques Ganser)

Ee Geriicht soll nämlech tranchéieren, ob een Deel vum Contournement duerch d'Natura-2000-Zon Zämerbësch däerf goen. De Prozess soll am Dezember d'nächst Joer ufänken.

Bis dohi fuerdert d'Biergerinitiativ, datt all d‘Aarbechten um Contournement agefruer ginn, well et géif kee Sënn maache scho mam Bauen unzefänken a Milliounen auszeginn, wann net gewosst ass, ob de Contournement an där Variant däerf gebaut ginn.