An de leschte Woche gëtt vill vun engem historeschen Dag geschwat, wa vum Trounwiessel Rieds ass. Als Historiker wieren ech mech géint dee liichtfankege Gebrauch vum Wuert «historesch».
Ech hunn a mengem Méckeliewen schonn zwee Trounwiessele materlieft a kann net feststellen, datt doduerch sech eppes Wesentleches an der Geschicht vun onsem Land geännert hätt. An dat ass och gutt esou. An enger konstitutioneller Monarchie soll de Staatschef d’Land an d’Vollek representéieren a net déi politesch a gesellschaftlech Entwécklung beaflossen.
Grand-Duc symboliséiert just nach Eenheet an Onofhängegkeet
Trotzdeem a schonn am Prinzip steet eng Monarchie am Widdersproch mam demokratesche Gedanken. Dofir ass et schued, datt beim Referendum vun 2015 d’Fro no der Staatsform net gestallt gouf, wéi ech dat beim viregten Trounwiessel an engem forum-Artikel virgeschloen hat. Doduerch hätt net nëmmen d’Monarchie kënnen eng nei Legitimitéit gewannen, mee et wier och net sou liicht gewiescht, fir den Dräimol-Neen ze propagéieren.
An der neier Verfassung symboliséiert de Grand-Duc nach just déi national Eenheet an Onofhängegkeet an exerzéiert net méi d’puissance souveraine wéi an der aler. En huet – sou steet am Artikel 44 – nëmmen déi Attributiounen déi d’Verfassung an d’Gesetzer him iwwerdroen. Staatskrise wéi d’Groussherzogin Marie-Adelheid se an hirer absolutistescher Interpretatioun vun der Verfassung ausgeléist hat, oder de Grand-Duc Henri se mat sengem reliéise Gewësse beim Euthanasiegesetz provozéiert hat, dierften elo kaum nach méiglech sinn.
Kee finanziellt Argument fir eng Republik
Doriwwer eraus goufen och privat an offiziell Finanze kloer getrennt, an der Grande-Duchesse, déi an der Verfassung net virgesinn ass, hir Aufgabe kloer op dat Privat reduzéiert.
Eng Journalistin, déi fir den Trounwiessel e Reportage fir de Saarlännesche Rundfunk preparéiert huet, hat mech gefrot, wat d’Vollek dann derzou seet, datt de Grand-Duc 20 Milliounen aus dem Staatsbudget kritt. Ech hu si drop higewisen, datt net hie se kritt, mee déi ganz Verwaltung, déi him zur Säit steet, an ech hu gemengt, den däitsche Bundespresident kréich bestëmmt nach méi, vum franséische President guer net ze schwätzen. Deen Dag drop huet si mech ugeruff a sot, ech hätt Recht. Dat finanziellt Argument schwätzt jiddefalls net fir eng Republik.
Hätt ee President déi néideg Neutralitéit?
Ech froe mech awer och, ob an engem klenge Land, e gewielte President, deen all Mënsch kennt an deen net scho vu Klengem u geléiert huet sech zeréckzehalen, wéi d’Kanner vun engem Monarch, déi néideg moralesch Autoritéit a politesch Neutralitéit hätt, fir déi Symbolfunktioun diskret auszeüben, wéi e Monarch.
An ech hu mer nach eng ganz aner Fro gestallt en vue vum Trounwiessel: Wéisou gëtt ëmmer vum Grand-Duc Guillaume geschwat? Op gutt Lëtzebuergesch misst en dach Groussherzog Wëllem V. (de Fënneften) genannt ginn. Fäerten éieren d’Sproochpuristen, déi kee Franséisch verstinn, datt si dann a Konflikt gerode mat hirer monarchistescher Astellung, wa se dat géife fuerderen?
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.