De Friedrich Merz sot, mir wieren net an engem Krich, mee och net méi am Fridden. D'Weltuerdnung, déi op Reegele baséiert ass, wier amgaangen duerch reng Muechtpolitik ersat ze ginn an dat géif den Asaz vu militäresche Mëttele mat sech bréngen, esou den däitsche Kanzler.
arrow_back_ios
Noriichten
Europa
|Friedrich Merz: "Mir liewen net méi a Fridden"
Bei enger Veranstaltung vun der däitscher Zeitung Rheinische Post zu Düsseldorf sot den däitsche Bundeskanzler, datt een elo net méi am Fridde géif liewen. Hie war do gefrot ginn, wéi héich hien d'Gefor vu Krich an Däitschland géif aschätzen.
Sitzung des Landesvorstand der Christlich Demokratischen Union Deutschlands CDU NRW am 29.09.2025 in der Landesgeschäftsstelle Düsseldorf Friedrich Merz (Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto)