arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frieden optimistesch fir nächst Sozialronn

Den 3. September

|
headphones

2 min

Frieden optimistesch fir nächst Sozialronn

Nächste Mëttwoch, den 3. September geet et an déi drëtt Sozialronn tëscht Regierung, Gewerkschaften a Patronat. A wann et dem Premier Luc Frieden no geet sollen déi Gespréicher séier ofgeschloss ginn.

headphones

2 min

© 	SIP / Claude Piscitelli
(Foto: SIP / Claude Piscitelli)

No der zweeter Verhandlungsronn de 14. Juli hat de Premier erkläert et wéilt ee Brécke bauen. Bei den dräi Schwéierpunkttheme Sonndesaarbecht, Ouvertureszäiten am Commerce a Pensiounsreform wier ee weider komm.

D‘Virschléi géifen am Summer duerch gerechent ginn an dann diskutéiert ginn. Den 3. September kéint een da villäicht fir d‘lescht beienee kommen.

"D'Zil ass net op alle Punkten en Accord ze hunn"

Am 100,7 Interview huet de Premier op d‘Fro, wéi vill Gespréichsronnen et nach solle ginn, gesot datt hien dat net wéisst. Et misst ee jo och net op alle Punkten en Accord hunn, esou de Luc Frieden.

“Mee ech hätt gären, datt mer als Regierung nolauschteren, dat hu mer gemaach, datt mer als Regierung d'Land no vir bréngen, datt mer d'Land fir d'Zukunft stäerken an ech mengen, datt mer dat an där nächster Woch sollen och op en Enn bréngen, well déi Diskussiounen si laang geféiert ginn an elo ass et Zäit fir esou ofzeschléissen.”

D‘Gespréicher sollen der Regierung no also net weider schleefe gelooss ginn, et insistéiert en och net méi op definitiven a laangfristege Léisungen.

“E Kompromëss heescht net onbedéngt, datt jiddwereen domat muss d'accord sinn.”

Déi diskutéiert Sujete wiere keng Sujeten an enger Kris, wou een direkt eng Léisung misst fannen, esou de Premier weider.

“An ech sinn der Meenung, datt mir mat där neier Energie vun der Summervakanz zu engem Kompromëss wäerte kommen, deen eist Land no vir bréngt.”

Kompromësser

Wéi d‘Kompromëssvirschléi elo am Detail ausgesinn ass nach net offiziell gewosst. RTL hat allerdéngs den 18. Juli scho gemellt, datt d‘Schaffzäiten am Commerce no siwen Auer owes iwwer Kollektivverträg solle gereegelt ginn, och d‘Sonndesaarbecht vu méi wéi véier Stonne soll sou gereegelt ginn.

Wat d‘Pensiounsreform ugeet soll d‘Cotisatiounsperiod dësen Informatiounen no iwwer 5 Joer just nach ëm aacht Méint verlängert ginn.

D‘Cotisatioune fir Patron, Salarié a Staat géif ëm 0,5 Prozent klammen. No fënnef Joer sollt dann de Bilan gemaach gemaach ginn, also net méi ënnert der aktueller Regierung.