arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Friddensplang: Ukrain an USA gi sech op zentrale Punkte eens

Krich géint d'Ukrain

|
headphones

1 min

Friddensplang: Ukrain an USA gi sech op zentrale Punkte eens

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj stellt eng éischte Kéier d‘Detailer vum US-amerikanesche Friddensplang ëffentlech vir. D‘Ukrain an d‘USA wiere sech op den zentrale Punkten eens ginn.

headphones

1 min

© EPA/OLIVIER HOSLET
(Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

Russland géif seng Positioun zäitno u Washington iwwermëttelen, heescht et aus Moskau. Russland verlaangt ëmmer nach vun der Ukrain e Verzicht op verschidde Gebidder an der Donezk Regioun. D‘Ukrain leent dëst awer kategoresch of.

Am Dokument wiere souwuel Sécherheetsgarantië fir d‘Ukrain virgesinn, nom Artikel 5 vum NATO-Vetrag, wéi och eng ukrainesch Arméi vun 800.000 Zaldotinnen an Zaldoten. Dat huet de President Selenskyj um Mëttwochmëtteg matgedeelt.