E Samschdeg steet am Cyclissem d’Course Mailand-Sanremo um Programm. Mat bal 300 Kilometer déi längste Vëloscourse, déi am Kalenner steet. D’Course ass déi éischt vun insgesamt 5 “Monumenter”, déi et am Vëlossport gëtt, an zielt och zu de Fréijoersklassiker.
Den Ënnerscheed tëschent Monumenter ...
Den Optakt vun de Fréijoersklassiker war Enn Februar mat der Course Omloop Nieuwsblad an der Belsch. Mailand-Sanremo ass awer elo dat éischt Monument vun der Saison.
Am Vëlossport ginn et 5 Monumenter. Dat si Mailand-Sanremo, dann den Tour des Flandres, Paris-Roubaix, Léck-Baaschtnech-Léck, an am Oktober dann nach den Tour duerch d’Lombardei.
Dës Course ginn als Monument bezeechent, well se zu den eelsten a prestigiéisten Eendagescoursse gehéieren. Déi éischt Editioun vu Léck-Baaschtnech-Léck war beispillsweis 1892.
... an "Hallef-Klassiker"
Ënner dem Terme “Fréijoersklassiker” falen dann awer nach eng Rëtsch aner Courssen, déi logescherweis och am Fréijoer gefuer ginn, déi awer deelweis net esou al an traditiounsräich sinn, wéi d’Monumenter am Fréijoer. Dofir nennt een dës Courssen och heinsdo “Hallef-Klassiker”. Beispill Amstel Gold Race an Holland oder d’Fléche Walonne an der Belsch.
Innerhalb vun deene Coursse ginn et wat de Prestige an d’Schwieregkeet ugeet Ënnerscheeder, wat dozou féiert, datt déi grouss Nimm aus dem Vëlosport dann och net bei all Course um Depart stinn.
(Alt nees) Pogacar vs. van der Poel
An a propos grouss Nimm am Vëlossport: Bei ville Courssen an den nächste Woche sinn d’A virun allem op zwee Coureure geriicht: Den Tadej Pogacar a Mathieu van der Poel. Deen Duell huet sech an de leschte Jore rauskristalliséiert.
Béid stoungen an de leschten 3 Joer ganze 6 Mol zesummen um Podium bei esou Courssen. A grad bei Mailand-Sanremo dëse Weekend wäert wuel alles op deen Duell erauslafen, well den Hollänner van der Poel schéngt an enger exzellenter Form ze sinn, a fir de Pogacar ass et eng vun de wéinege Coursen, déi hien nach net gewonn huet, an de Slowen wëllt dat onbedéngt änneren.
Datt et esou dacks op een Duell tëschent béiden erausleeft, huet awer net just mat hirem enormen Talent um Vëlo ze dinn. Een anere Facteur spillt do och nach eng Roll.
Méi laang, méi géi, méi schwéier
Allgemeng sinn d’Courssen an de leschte Joren ëmmer méi schwéier ginn. Dat ass vun den Organisateuren och esou gewollt, well ee sech erhofft, spannend Dueller ze kreéieren. Schliisslech ass et dat, wat d’Fans wëllen.
Dat bescht Beispill ass wuel den Tour de France. Jidderee wëllt den Duell Pogacar géint Vingegaard gesinn. Wéi maachen ech dat? Ma ganz einfach: D’Biergetappe ginn esou schwéier, datt alles op een Duell tëschent béide Coureuren erausleeft. Dëst Joer steet d’Alpe d’Huez beispillsweis gläich zweemol um Programm, an zwar direkt op zwou Etappen hannereneen.
E kloren Trend ass erkennbar: Waren et 2010 bei der Tour nach 7 Biergetappe mat 3 Arrivéeën um Sommet, esou stoungen 2022 zum Beispill 9 Biergetappen a 5 Arrivéeën um Sommet um Programm. D'Zuel un Héichtemeter ass an där Zäit ëm ronn 20 Prozent eropgaang.
Mailand-Sanremo-Parcours bleift awer onverännert
Déi selwecht Situatioun bei de Fréijoersklassiker. Den Tour des Flandres ass méi schwéier ginn, E3 Saxo Classic ass méi schwéier ginn. Esou gëtt de bekannte Paterberg beispillsweis eng zweete Kéier, méi no un der Arrivée, nach emol gefuer, wann d’Bee schonn esou richteg schwéier sinn.
Bei der Tour des Flandres sinn an de leschte Jore ronn 500 Héichtemeter méi ze meeschtere gewiescht, wéi dat an der Vergaangenheet nach de Fall war.
Och bei Mailand-Sanremo gouf eng Zäit driwwer diskutéiert, nom Poggio (der leschter Montée kuerz virun der Arrivée) nach eng Montée anzebauen, déi nach e gutt Stéck méi géi ass. Well een an Italien awer vill Wäert op d'Traditioun an d'Geschicht vun der Course leet, gouf dës Iddi verworf.
Dësen Trend gefält awer bei wäitem net jidderengem am Sport. De belscher Coureur Arnaud de Lie, deem d’Klassiker vum Terrain hir u sech leien, fiert net bei Mailand-Sanremo mat. Hie sot: Wa Pogacar a van der Poel dobäi sinn, kann ee jo souwisou net gewannen.
Sprinter net ganz frou
A virun allem d’Sprinter gesinn deen Trend kritesch. D’lescht Woch bei Tirreno-Adriatico huet den aktuell wuel beschte Sprinter op der Welt, de Jonathan Milan, kritiséiert, datt et allgemeng ze wéineg Sprinteretappe ginn, an datt och déi ëmmer méi schwéier ginn.
Et gutt Beispill an deem Kontext ass d'WM, déi soss alt mol vu Sprinter gewonne ginn ass, wann de Parcours et erlaabt huet (Cavendish 2011, Hushovd 2010, Boonen 2005). Eng leschte Kéier 2019 duerch de Mads Pedersen, deen awer och zu deene Sprinter gehéiert, déi gutt iwwer de Bierg kommen.
Sief awer gesot, datt eng Rëtsch Fréijoersklassiker de Sprinter op de Leiw geschneidert sinn, an dat (fir de Moment alt mol) och bleiwen.