De Liebermann huet eng vun de bizarreste Karriären an der amerikanescher Politik gemaach. Laang Joren huet hien zum rietse Fligel vun den Demokrate gehéiert. Nom 11. September 2001 huet hie sech méi a méi vu senger Partei distanzéiert an huet déi vill kritiséiert Irakinvasioun vehement ënnerstëtzt.
2006 war hien als Independant an d‘Wale fir de Senat gaangen. Obwuel hien zum Schluss kee Mandat méi hat, war hie politesch aktiv an hat d‘Organisatioun „No Labels“ matgegrënnt, déi sech selwer iwwerparteilech nennt, a fir d‘Presidentschaftswalen am November een eegene Kandidat wëllt opstellen.
Den Lieberman sot viru kuerzem nach, datt den Donald Trump ni méi President dierft ginn.