arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fréiere brasilianesche President Jair Bolsonaro zu 27 Joer Prisong verurteelt

Brasilien

|
headphones

1 min

Fréiere brasilianesche President Jair Bolsonaro zu 27 Joer Prisong verurteelt

27 Joer an dräi Méint Prisong: Dat ass d‘Strof zu där de Jair Bolsonaro hënt vum ieweschte brasilianesche Geriicht verurteelt gouf.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Ton Molina
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Ton Molina)

De fréieren - haut 70 Joer ale - brasilianesche President gouf schëlleg geschwat, well hien 2022 soll indirekt un engem versuchte Putsch géint déi lénk Regierung vu sengem Nofollger Lula bedeelegt gewiescht sinn. Dëse Putsch soll zesumme mat Leit aus der Arméi an aneren Alliéierte geplangt gewiescht sinn.

D'Ëmfeld vum Bolsonaro huet annoncéiert, Recours géint déi Geriichtsdecisioun wëllen ze maachen. 

D'USA mam Donald Trump hunn an de leschte Méint schonn Drock op Brasilie gemaach, an zwar géint dee Prozess. Den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio huet nom Verdikt annoncéiert, datt d'USA mat Konsequenze wäerte reagéieren, op dëst Urteel, dat ongerecht wier, esou de Rubio.