D’Delegéiert vun der Regierung hat u sech de Huis clos fir déi zweet Sëtzung gefrot. Där Demande ass d’Chambre du conseil awer net nokomm.
Aus, wéi et heescht, “Grënn vun der nationaler Sécherheet”, ass d’Urteel vum Tribunal administratif an der Affär vum fréiere Geheimdéngschtmataarbechter géint den Disziplinarrot vun de Statsbeamten net fir d’Press disponibel.
De Philippe Schaack war beim SREL entlooss ginn, well hien op eng Sécherheetslacune opmierksam gemaach hat an doropshi wéinst Geheimnisverrot verurteelt gouf.