arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fréiere President vum ukrainesche Parlament Andrij Parubij gouf erschoss

Am Weste vun der Ukrain

|
headphones

1 min

Fréiere President vum ukrainesche Parlament Andrij Parubij gouf erschoss

De fréiere President vum ukrainesche Parlament, den Andrij Parubij, gouf am Weste vum Land zu Lviv erschoss. Den Täter wier mat engem Vëlo ënnerwee gewiescht.

headphones

1 min

Den Andrij Parubij war wärend de Protestmanifestatiounen vu Maidan 2014 ganz engagéiert. Et war eng pro-europäesch Revolutioun.

De Chef vum ukrainesche Militär-Geheimdéngscht, den Kyrylo Boudanov, geet dovunner aus, datt Russland dohanner stécht. De Parubij stoung a Russland op der Lëscht vun deenen déi gesicht goufen.