arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fréier CSV- an ADR-Politikerin Hilda Rau-Scholtus ass dout

Am Alter vu 86 Joer

|
headphones

1 min

Fréier CSV- an ADR-Politikerin Hilda Rau-Scholtus ass dout

D’Hilda Rau-Scholtus ass am Alter vu 86 Joer gestuerwen, steet haut um Mëttwoch an den Doudesannoncen am Luxemburger Wort.

headphones

1 min

Symbolfoto | © Bigstock
Symbolfoto (Foto: Bigstock )

Déi verstuerwe fréier CSV-Politikerin hat Enn den 80er Joren Schlagzeile gemaach als eng vun de prominente Perséinlechekeeten, déi an der Sekt vum Engel Albert um Melickshaff bei Iechternach aktiv war.

D’Sekt huet op Uerder vum Engel Albert, wéi si soten, ënner anerem illegal Medikamenter bei Patienten agesat, a bizarre Therapien a Behandlunge mat Sauermousjus gemaach. Et koum zu enger Geriichtsaffär.

D’Hilda Rau Scholtus war d’Fra vum fréieren CSV-Politiker Fernand Rau. Mat him hat si d’Partei no engem Sträit ëm verschidde Posten Ufank vun den 90er Jore verlooss. Béid goufe Member vun der ADR. Dono hat déi Verstuerwen nach d’NOMP, déi neutral an onofhängeg Mënscherechter Partei, gegrënnt. Déi Partei war eemol, an zwar 1994, bei der Chamberwalen ugetrueden.