arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fréi Hausse vun de Grippeninfektiounen - Apdikte geet de Vaccin aus

Santé

|
headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow

Fréi Hausse vun de Grippeninfektiounen - Apdikte geet de Vaccin aus

Wéi all Joers klëmmt am Wanter d'Zuel vun de Leit, déi un enger Gripp erkaalt sinn. Dëst Joer gëtt et am Verglach zu de Jore virdrun awer eng Partikularitéit.

headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

D’Grippewell kéint dëse Wanter och hei am Land méi hefteg gi wéi an de Jore virdrun, seet den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit. Et hätt ee schonn zënter 3 bis 4 Wochen Zuelen, déi no uewe géinge goen, esou de Jean-Claude Schmit am 100,7-Interview.

"Dat gëllt elo fir d'Grippen. Déi aner Infektiounen, do schéngt et relativ roueg ze sinn. Also wann ech elo kucken, d'Statistiken iwwer de Covid, do ass et ganz roueg. An dann den RSV-Virus, dee geet och lues erop. Mee dat ass awer normal och ëm dës Zäit."

Pic vun den Infektioune kënnt Enn Januar

Wann ee sech d'Zuelen ukuckt, da wierken déi trotzdeem nach ëmmer net esou héich: 367 Fäll vun der Gripp goufen d'lescht Woch festgestallt.

De Jean-Claude Schmit betount awer och, datt net jidderee sech test. D’Zuele wieren also net ëmmer komplett. Dofir vergläicht hien d’Zuele mat de Jore virdrun. Dorausser schléisst de Jean-Claude Schmit, datt d’Zuel vun Infektiounen dëst Joer méi fréi no uewe geet, wéi déi Jore virdrun.

"Wat ee klassescherweis gesäit ass, datt d'Situatioun sech e bësse berouegt, elo wann d'Schoulen zouginn, well et si nämlech ganz vill Kanner a Jugendlecher, déi infizéiert sinn. An dann no de Feierdeeg kënnt normalerweis dann eng staark Augmentatioun bis Enn Januar, wou een normalerweis de Pic gesäit vun der Infektioun."

Iwwer d'Feierdeeg heescht et, virsiichteg ze sinn

An aneren europäesche Länner wier de Verlaf vun der Grippesaison bis elo ganz änlech wéi zu Lëtzebuerg. Op verschiddene Plaze kämpft een esouguer mat enger méi hefteger Grippewell. Dëst kéint also och op Lëtzebuerg zoutreffen. Et wier awer nach ze fréi fir dat definitiv ze soen, esou de Jean-Claude Schmit.

"Mee dat ass natierlech eng Hypothees, déi méiglech ass, datt et dëst Joer relativ staark gëtt. Zum Beispill Portugal huet anscheinend Problemer och an de Spideeler. Dat ass eppes, wat mir am Moment nach net gesinn. Mir hu ganz wéineg Fäll an de Spideeler."

An och wann aktuell éischter méi jonk Leit un enger Gripp erkrankt sinn - wat klassescherweis och ëmmer de Fall ass - esou stellt se natierlech fir déi eeler Leit ee vill méi grousse Risiko duer. Grad iwwer d’Feierdeeg, wann déi Jonk bei d’Famill zeréckkommen, sollt een do besonnesch oppassen, warnt den Dokter.

Net genuch Vaccin op Stock?

Hien erënnert och nach eng Kéier drun, datt et recommandéiert ass sech géint d’Gripp impfen ze loossen. Virun allem fir eeler Leit a Leit mat enger Virerkrankung. Mee net just déi:

"Et gëtt och recommandéiert elo vun dësem Joer u fir d'Kanner an d'Jugendlecher, eebe fir ze verhënneren, datt do de Virus vill zirkuléiert."

Aktuell hätte verschidden Apdikten awer scho Problemer mam Stock vum Vaccin. Dem Jean-Claude Schmit no hätt ee mat Grossiste geschwat, an et hätt ee verséchert kritt, datt de Vaccin nogeliwwert soll ginn.

Wie sech wëllt impfe loosse geet am beschte bei säin Hausdokter.

play_arrow Lauschteren