Den Nicolas Maugenest, Responsabele fir d’Freedefeier am Auchan um Kierchbierg seet et wier een dëst Joer gutt opgestallt. Et hätt een dëst Joer e Progrès vun 10 Prozent par rapport zum Joer virdru gemaach.
Dat läit awer net onbedéngt drun, datt d‘Freedefeier méi gefrot ass, wéi an de leschte Joren. Et kéint och domat ze dinn hunn, datt den Auchan ee vun de leschte Supermarchéen am Land ass, den iwwerhaapt nach Freedefeier verkeeft. An eng Erklärung dofir kéinten d’Regulatioune sinn déi et och am Commerce ginn.
“Ce qu'il faut savoir, c'est que par rapport à la réglementation très stricte sur le Luxembourg, on est limité à un nombre de tonnage et de matières actives à avoir sur site. Et donc ça nous limite aussi dans ce qu'on peut proposer à nos clients. Et comme on s'attelle à être vraiment très rigoureux là-dessus, donc on a cette limite-là qui va nous empêcher de progresser plus. Mais c'est un service qu'on rend à nos clients, parce qu'on a quand même des clients qui attendent ce moment-là."
Den Nicolas Maugenest erkläert, datt si de Leit déi Freedefeier bei hinne kafen un Häerz leeën sech ze informéieren ob et an hire Gemengen erlaabt wier oder eben net. Well: All Gemeng huet hie eege Reegelen. Verschiddener erlaben et tëscht spezifeschen Auerzäiten, anerer recommandéieren drop ze verzichten.
Schwéier ze kontrolléieren
Jonglënster gehéiert schonn zënter e puer Joer zu de Gemengen, déi kee Freedefeier erlaben. Virun allem aus Ëmwelt, Sécherheet an Déiereschutz Grënn gouf sech dofir entscheet an och esou un d’Bierger kommunizéiert. Den DP-Buergermeeschter Ben Ries mierkt awer, datt e Verbuet net dozou feiert datt et kee Freedefeier méi gëtt.
“Dat ass natierlech ëmmer de Problem mat der Kontroll am Endeffekt, well wann een dann duerch d'Land kuckt a bëssen ënnerwee ass, da mierkt een awer trotzdeem schonn, dass déi eng oder déi aner Leit sech net drun halen, wéi dat eben am Allgemeng leider esou ass.”
Mee: Wann een sech net un d’Reegelen muss ee mat enger Geldstrof rechnen. D’Police erënnert drun datt déi tëscht 25 an 250 Euro léien.