Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Marías - Run Your Mouth

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franz Fayot: “Zu Lëtzebuerg gëtt et kee Bedürfnis fir eng Lénksallianz”

Nouveau Front Populaire

Franz Fayot: “Zu Lëtzebuerg gëtt et kee Bedürfnis fir eng Lénksallianz”

D’LSAP, déi gréng an déi Lénk ënnerstëtzen am franséische Walkampf d’Lénksallianz vum “Nouveau Front Populaire”. Déi dräi lénksgeriichte Lëtzebuerger Parteie ware gëschter Owend op enger Walversammlung vum NFP hei zu Lëtzebuerg vertrueden.

auto_stories

1 min

Fir d’LSAP war do ënnert anerem de Franz Fayot mat dobäi. De fréiere Wirtschaftsminister huet am 100,7-Inteview betount, seng Partei géif am Moment och an der Chamber gutt mat deene gréngen an deene Lénken zesummeschaffen. Dat géif awer net heeschen, datt och hei am Land eng Lénksallianz an der maach wier, esou den LSAP-Députéierten.

„Ech mengen dat ass Zukunftsmusek: D’LSAP ass am Moment bei Wäitem déi gréisst Partei vun deenen dräi, a bis elo huet dat Bedürfnis sech nach net gewise bei Walen.“

De Walsystem wier hei am Land och ee ganz aneren, a wier dofir och net sou néideg, wéi a Frankräich.

Lauschterenplay_arrow