arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franséische Premier wëllt Staatsscholde stoppen

Staatsfinanzen

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Franséische Premier wëllt Staatsscholde stoppen

Um Dënschdegmëtte wëllt de François Bayrou seng grouss Linne fir de Budget d’nächst Joer presentéieren. Geplangt sinn Aspuerunge vu 40 Milliarden Euro. Am Parlament gëtt et keng Eenegkeet dowéinst steet d’Regierung ënner Drock.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Franséiche Premier François Bayrou  | © Telmo Pinto
Franséiche Premier François Bayrou (Foto: Telmo Pinto)

D’Zil wier et de Budgetsdefizit op 4,6 Prozent vum PIB ze reduzéieren, géintiwwer 5,8  Prozent zejoert.

De Bayrou huet versprach, kee Käschtepunkt “ënnert de Teppech ze kieren”. Dat alles an engem gespaanten internationale Kontext, dee vun Tensiounen am Handel an am Militärberäich gepräägt ass. Dat huet de President Emmanuel Macron dozou bruecht, zousätzlech 3,5 Milliarden Euro fir d’Defense ze fuerderen.

D’Oppositioun zitt rout Linnen

De Rassemblement national warnt viru Steiererhéijungen oder enger “Année blanche”, wou staatlech Ausgaben net un d’Inflatioun ugepasst ginn.

De Rassemblement national warnt viru Steiererhéijungen oder enger “Année blanche”, wou staatlech Ausgaben net un d’Inflatioun ugepasst ginn.

D’France Insoumise schwätzt vun engem “roude Joer fir d’Fransousen”. Wärend d'Sozialisten eng Steier op déi Ultra-Räich fuerderen (2 Prozent vum Verméige pro Joer) fir bis zu 20 Milliarden Euro zeréckzekréien.

Mësstrauensvott méiglech

D’Gewerkschaft CGT rifft dozou op, d’Suen "do ze sichen, wou se sinn" – bei Aktienbesëtzer a Groussverdénger.

De Francois Bayrou versprécht ee kohärente Plang, deen op der enger Säit ee Gläichgewiicht vun den ëffentleche Finanzen an op där anerer Säit d’Ënnerstëtzung vun der Produktioun erreeche wëll.

Deemno solle Kierzungen och bei staatleche Bäihëllefe fir Entreprisen a fiskal Nischen evoquéiert ginn.

Well et bis elo nach kee konkret Konzept oder ee Konsens gouf, bleift ee Risiko. Wann d’Assemblée den Text net acceptéiert, riskéiert et nees zum Mësstrauensvott an zu der Chute vun der Regierung ze kommen.

play_arrow Lauschteren