arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franséische Premier François Bayrou wëllt sech der Vertrauensfro stellen

Den 8. September

|
headphones

1 min

Franséische Premier François Bayrou wëllt sech der Vertrauensfro stellen

De franséische Premier François Bayrou géif den 8. September an enger extraordinärer Sëtzung vun der Assemblée nationale d‘Vertrauensfro stellen. Dat huet hie bei senger Rentrées-Pressekonferenz iwwer d‘Budgetspläng vun der franséischer Regierung an Aussiicht gestallt.

headphones

1 min

De François Bayrou an der franséischer Assemblée Nationale. | © picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto
De François Bayrou an der franséischer Assemblée Nationale. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto)

La France Insoumise huet schonn ugekënnegt, géint seng Regierung wëllen ze stëmmen.

Konkret soll et beim Vott ëm "déi zentral Fro" vun der "Maîtrise vun de Finanzen" a Frankräich goen, esou de François Bayrou. Hien hat am Juli ugekënnegt wëlle bal 44 Milliarden Euro anzespueren, ënner anerem duerch d‘Sträiche vun zwee Feierdeeg.

Wann et den 8. September keen Accord géif ginn, da géif hien dat als Zeeche gesinn, datt seng Pläng net méiglech sinn.

Hie riskéiert ee Mësstrauensvott vun der Gauche an dem Rassemblement national. An d‘Gewerkschaften hunn een Appell lancéiert fir dat ganzt Land den 10. September ze blockéieren.