arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franséische Premier François Bayrou stellt sech haut der Vertrauensfro

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Franséische Premier François Bayrou stellt sech haut der Vertrauensfro

A Frankräich stellt de Premier François Bayrou haut um Méindeg vu 15 Auer un d'Vertrauensfro an der Assemblée Nationale. Aller Warscheinlechkeet no wäerten hien a seng Regierung ofgewielt ginn. Iwwerdeems leeft schonn d'Sich no Alternativen. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
François Bayrou | © EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
François Bayrou (Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

Et gesäit alles dono aus, wéi wa Frankräich op säi fënnefte Premier bannent zwee Joer zousteiert. Den aktuelle Premier François Bayrou brauch haut um Méindeg eng einfach Majoritéit fir am Amt ze bléiwen, mee déi ass zënter senger Annonce vun der Vertrauensfro ëmmer manner probabel ginn.

En "oppene Biergerkrich"

D'Gauche an de rietsextreemen RN wäerten d'Regierung ofwielen a souguer am Regierungslager wéi bei de konservative Les Républicains kann de Bayrou net op all Vott zielen, well d'Parteispëtzt den Deputéierten de fräie Choix léisst.

An engem leschten Interview virum Vott sot de François Bayrou gëschter géigeniwwer dem Onlinemedium Brut, datt politesch Lageren, déi am oppene Biergerkrich géintenee sinn, sech elo zesummendinn, fir d'Regierung zu Fall ze bréngen.

Kloer Positioun vum RN

Bei der politescher Rentrée vum RN sot d'Parteicheffin Marine Le Pen gëschter, datt d'Land elo séier Neiwale brauch. Si selwer kéint wéinst enger Spär net mat an d'Wale goen, sot awer si wier bereet op all Ämter ze verzichte fir der Partei an dem Land ze hëllefen.

Dat lescht Joer wier een demokrateschen a wirtschaftleche Kollaps gewiescht, esou d'Le Pen. De President Emmanuel Macron ass schonn amgaangen den Nofollger vum Bayrou ze sichen a wëllt Neiwale verhënneren.

D'Sozialisten hu sech an de leschten Deeg méi intensiv ugebueden eng Regierung ënner sozialistescher Féierung matzedroen. Den Inneminister Bruno Retailleau sot, d'Droite géing dat op kee Fall akzeptéieren. Och d'Lénkspartei kritiséiert de Virstouss vun de Sozialiste schaarf.

play_arrow Lauschteren