An engem Punkt si sech déi lénks Parteien a Frankräich eens. Eng RN-Regierung muss ëm all Präis verhënnert ginn. La France Insoumise, de Parti Comuniste, d’Ekologisten an och d’Sozialiste fuerderen dofir eng gemeinsam Front, wéi de Chef vum Parti Socialiste, den Olivier Faure, de Moien um Mikro vu France inter erkläert huet.
Ëmmer nees Tensiounen tëscht la France insoumise an de Sozialisten
Um 17 Auer koumen d’Parteien op Invitatioun vu La France Insoumise zesummen, fir ze kucken, op ee sech op e gemeinsame Programm kann eenegen. Keng einfach Missioun, well et mat der NUPES jo schonn ee Bündnis tëschent dëse Parteie gëtt, wat allerdéngs am Dezember zerfall ass, well virun allem tëschent La France Insoumise an dem Parti Socialiste ëmmer nees Tensiounen opkoumen. Ënner anerem, well La France Insoumise sech geweigert hat sech kloer géint d’Hamas ze positionéieren. Och d’Propose vum fréiere Parteichef Jean-Luc Mélenchon waren dacks Sträitpunkt, dofir wëll den Olivier Faure eng kloer Ofgrenzung.
Och riets a rietsextrem Parteien u mateneen diskutéiert
D’Manon Aubry vu La France Insoumise sot de Moien, et misst een elo zesummenhalen, et dierft een awer net den Afloss vum Jean-Luc Mélenchon a villen aarmutsbetraffene Quartieren an an de Stied vernoléissegen. Fir den LFI-Parteichef Manuel Bompard sinn d‘Tensiounen net vergiess, mee dës Situatioun géif en Zesummeschloss erfuerderen, sot hie virun der Reunioun. Zäitgläich koum den Owend och de Rassemblement National mat der Marion Maréchal vun der rietsextremer Partei Reconquête zesumme fir iwwer d’Walen an dräi Wochen ze diskutéieren.