arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franséisch Regierung wëllt 2 Feierdeeg sträiche fir Suen ze spueren

Ouschterméindeg an Armistice

|
reading time

1 min

Franséisch Regierung wëllt 2 Feierdeeg sträiche fir Suen ze spueren

Déi franséisch Regierung bleift bei hire Pläng fir zwee Feierdeeg ze sträichen. Dat kéint e Rendement vu 4,2 Milliarden Euro bréngen, heescht et an engem Orientatiounsdokument, dat elo un d‘Sozialpartner adresséiert gouf, an aus deem d'AFP zitéiert.

reading time

1 min

© EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
(Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

D'Regierung proposéiert, datt den Ouschterméindeg an den 8. Mee, d'Armistice, also ewechfalen. Et kéint een awer nach iwwer de Choix vun de Feierdeeg diskutéieren, wann et gewollt ass, esou d‘Regierung.