arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franséisch Regierung iwwersteet Mësstrauensvott

Frankräich

|
reading time

1 min

Franséisch Regierung iwwersteet Mësstrauensvott

A Frankräich huet d'Mëtt-Riets-Minoritéitsregierung ënner dem François Bayrou e Mësstrauensvott wéinst der ëmstriddener Pensiounsreform vun 2023 iwwerstanen. De Sozialisten hir Demande ass wéi erwaart gescheitert, well de rietsextreeme Rassemblement National d'Regierung weider ënnerstëtzt huet.

reading time

1 min

Franséiche Premier François Bayrou  | © Telmo Pinto
Franséiche Premier François Bayrou (Foto: Telmo Pinto)

De François Bayrou hat virdru probéiert d'Pensiounsreform nozebesseren, fir sech de Support vun de Sozialisten ze sécheren, mee d'Verhandlunge ware gescheitert. 

Am Hierscht riskéiert d'Regierung bei de Budgetsverhandlunge mat engem weidere Mësstrauensvott konfrontéiert ze ginn, bei deem och de Rassemblement National seng Ënnerstëtzung zeréckzéie kéint. Ouni de Support vun de Sozialiste stéing déi franséische Regierung da virum Enn.