Nodeems gëschter um Méindeg schonn déi gréisste Baueregewerkschaft FNSEA manifestéiert hat, schléisst sech haut um Dënschdeg och déi zweetgréisst Gewerkschaft Coordination rurale dem Protest un. Iwwer 100 Aktiounen uechtert d’Land si geplangt.
Camione solle gestoppt ginn
Um Méindegmoien huet sech ee Convoi vun ongeféier 100 Gefierer op de Wee gemaach, fir bei Perpignan déi franséisch-spuenesch Grenz op der A9 ze blockéieren an d’Liewensmëtteltransporter ze kontrolléieren.
Och muer um Mëttwoch wëll ee Camionen, déi auslännesch Agrikulturproduiten transportéieren, stoppen. D’Presidentin vun der Gewerkschaft, d’Véronique Le Floc’h, war um Dënschdegmoien Invitée op France Bleue a sot, et géing ee sech op e laange Protest preparéieren.
Weider Protester am Dezember a Januar
An enger éischter Phas geet et virun allem ëm de Mercusor-Handelsaccord tëschent der EU a südamerikanesche Staaten. De franséische President Emmanuel Macron sot um G20-Sommet zu Rio, Frankräich wéilt dësen net ënnerschreiwen, well en negativ Konsequenze fir d’Landwirtschaft hätt.
Déi franséisch Regierung huet annoncéiert, am Parlament iwwert den Accord ze debattéieren an ofzestëmmen ze loossen.
De Protest vun de Bauere soll iwwerdeems nach phaseweis am Dezember a Januar weidergoen, da mam Fokus besser Bezuelung a manner Contrainten an der Landwirtschaft. D’FNSEA hat allerdéngs betount, bei den Aktiounen op Blockagë verzichten ze wëllen, fir den Alldag vun de Léit net ze stéieren.