Erklären, preziséieren, vervollstännegen an iwwerzeege souwäit et geet: Esou huet de Manuel Valls e Sonndeg géigeniwwer dem Parisien seng Missioun fir déi nächst véier Deeg resuméiert.
FLNKS: Accord geet net wäit genuch
Um Donneschdeg lancéiert de Manuel Valls de Comité de redaction, deen den Accord de Bougival offiziell a Gesetzestexter ëmwandelt. Dësen Accord wackelt awer een décke Mount no der Eenegung zolidd. Leschte Mëttwoch hat d’Allianz vu Parteien, déi d’Onofhängegkeet vun Neikaledonie fuerderen (FLNKS) dësen Accord rejetéiert.
Den Dominique Fochi vun der Union Calédonienne sot e Sonndeg op NC1, datt den Accord net wäit genuch géing goen, well en e Staat bannent der franséischer Republik wéilt schafen, net awer eng komplett Dekolonialisatioun.
Ouni Accord dreet de wirtschaftleche Kollaps
De Manuel Valls sot, hie wier bereet Kompromësser an Ännerungen ze akzeptéieren, net awer, datt den Accord prinzipiell a Fro gestallt gëtt. Den Accord misst a géing ëmgesat ginn, esou de Valls, soss géing Neikaledonie politesch a wirtschaftlech kollabéieren.
An den nächsten Deeg wäert de Valls bilateral Gespréicher mat der FLNKS féieren, fir si ze iwwerzeegen, den Accord awer nach ze ënnerstëtzen.
Dës Eenegung tëschent der franséischer Regierung an den neikaledonesche Parteie war néideg ginn, nodeems am Mee lescht Joer eng geplangte Reform vum Walrecht op der Insel Onrouen ausgeléist hat, bei deene 14 Persounen ëm d’Liewe koumen.