Israel huet dat als "Belounung fir den Terror" verurteelt. Och d'USA soten, si géifen déi franséisch Unerkennung vun engem palästinensesche Staat ofleenen.
Wat Lëtzebuerg ugeet, krute mir op Nofro hi vum Ausseministère schrëftlech matgedeelt, den Ausseminister Xavier Bettel wäert d'Positioun vu Lëtzebuerg en Dënschdeg zu New York bei enger UNO-Konferenz iwwer eng Zweestaateléisung presentéieren. Lëtzebuerg géif sech weiderhi fir eng Zweestaateléisung asetzen. Dat wier den eenzege realistesche Wee fir en dauerhafte Fridden tëschent Israel a Palästina.