arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich stellt d'Sécherheet vu senge kulturelle Gebaier a Fro

Nom Abroch am Louvre

|
headphones

1 min

Frankräich stellt d'Sécherheet vu senge kulturelle Gebaier a Fro

Nom spektakulären Abroch gëschter um Sonndeg am Louvre zu Paräis fuerdert de franséischen Inneminister Laurent Nunez, datt d‘Sécherheet ronderëm Muséeën an aner kulturell Gebaier soll verstäerkt ginn. Hie géif eng entspriechend Opfuerderung un all d‘Prefete schécken.

headphones

1 min

De Louvre as nom Abroch ofgespaart. | © EPA/Mohammed Badra
De Louvre as nom Abroch ofgespaart. (Foto: EPA/Mohammed Badra)

De Vol am hellechten Dag gëschter vu Bijoue vun onschätzbarem Wäert huet a Frankräich eng Polemik ausgeléist an d‘Diskussioun iwwer d‘Sécherheet vu franséische Muséeë relancéiert. D‘Déif hunn a kierzter Zäit 8 Bijoue vu fréiere Kinniginnen a Keeserinne geklaut.

D‘Sich no den Täter leeft op Héichtouren, bis ewell awer ouni Erfolleg. Dem Paräisser Parquet no géif no véier Leit gesicht ginn.

De Louvre bleift iwwerdeems och haut um Méindeg wéinst dem Abroch zou. Wéini e rëm opgeet ass nach onkloer.