D’Definitioun vu Wandel respektiv Verännerung huet sech am leschte Joer an der franséischer Politik verännert. Et ginn elo Verännerungen, mee déi sinn elo net wierklech eng Neiausriichtung vun der Regierung: Et ass am grousse Ganzen éischter déi Ekipp, déi scho virun enger Woch hätt solle regéieren.
Net méi dobäi ass de Bruno Retailleau. Hien hat massiv dozou bäigedroen, datt d’Regierung leschte Méindeg zesummegebrach war.
Leit aus der Zivilgesellschaft
Nei dobäi ass de Paräisser Policechef Laurent Nuñez, deen elo zënter dräi Joer relativ strikt géint alleguer Protester géint d’Regierung virgeet. Mee hie passt an de Profil, well de Sébastien Lecornu annoncéiert hat, datt hie keng Ministere mat engem groussen Ego wéilt hunn oder mat Ambitioune fir d’Presidentielle 2027. Dofir setzt hien eeben op Leit aus der Zivilgesellschaft. Dorënner falen de Laurent Nuñez, den Ex-SNCF-Chef Jean-Pierre Farandou an d’Monique Barbut, déi fréier Spëtzt vun der ONG WWF.
Net méi dobäi sinn déi fréier Premierministere Manuel Valls an Elisabeth Borne.
Um Dënschdeg wäert d’Regierung am Ministerrot de Budgetsplang diskutéieren. Déi zwou Oppositiounsparteie La France insoumise (LFI) an de Rassemblement National (RN) hunn allerdéngs schonn e Mësstrauensvott ugekënnegt.
Et hänkt vun de Sozialisten of
Sollten d’Sozialisten de Mësstrauensvott matdroen, da wier dës Woch wuel schonn nees alles eriwwer. D’Sozialisten hu schonn hir kloer Konditioune gestallt: Keen Asaz vum Artikel 493 méi, fir d’Mesure fir d’Kafkraaft ze stäerken a virun allem eng direkt a komplett Suspensioun vun der Pensiounsreform.
D’Fro ass elo, ob de Sébastien Lecornu bereet ass d’Pensiounsreform an d’Spuerpolitik als Affer ze bréngen, fir am Amt ze bleiwen. Oder mengt hien, datt d’Sozialiste géife bluffen. Well wann elo d’Regierung fält, kënnt et wuel zu Neiwalen an déi wëllt am Fong nëmmen den RN.