26 Deeg laang huet Frankräich op dem Premier Sébastien Lecornu seng Regierungsequipe gewaart, gëschter Owend goufen d'Nimm annoncéiert an et stellt ee fest: Et ass am grousse Ganzen déi al Regierung vum François Bayrou. Vun den 18 annoncéierte Ministeren a Ministerinne sinn der ganzer 12 einfach an hirem Amt bliwwen, dorënner den Ausseminister Jean-Noël Barrot, de Justizminister Gérald Darmanin, d'Educatiounsministesch Elisabeth Borne an och den Inneminister Bruno Retailleau. E Wiessel gëtt et awer am Wirtschaftsministère. Hei iwwerhëlt de Roland Lescure, deen awer och schonn eemol Minister war. Och nees dobäi ass de fréiere Wirtschaftsminister Bruno Le Maire, deen elo d'Arméi vum Sébastien Lecornu iwwerhëlt.
"Cortège de revenants": Kritik vun der Oppositioun
Just zwee Regierungsmembere vun den 18 waren nach ni Minister. Och bleiwen d'Macroniste vu Renaissance mat 11 Poste weiderhin an der grousser Majoritéit an der Regierung. Een Ëmstand, dee beim Inneminister Bruno Retailleau net gutt ukoum. "D’Zesummesetzung vun der Regierung spigelt net de versprachene Broch erëm", huet hien no der Annonce geschriwwen a fir haut de Moien eng Urgence eng Reunioun vu senger Partei Les Républicains aberuff. "Jee manner Macronisten et am Land gëtt, desto méi ginn et der an der Regierung", esou de Retailleau weider. Och d'Oppositioun huet net mat Kritik gespuert. Et wier eng Regierung vun de leschte Macronisten, esou de rietsextreemen RN, d'Gauche schwätzt vun engem "Cortège de revenants". Haut am Nomëtteg soll d'Regierung eng éischte Kéier zesummekommen, muer da wäert de Premier an der Assemblée säin Discours de politique générale halen.