arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich huet een ze héijen Taux u Kadmium - Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

Liewensmëttel

|
reading time

2 min

Frankräich huet een ze héijen Taux u Kadmium - Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

Kadmium ass e Schwéiermetall, wat an héijer Dosis zu gesondheetleche Konsequenzen ewéi Kriibserkrankungen, Häerz- oder Niereproblemer, Osteoporos oder och Fertilitéisverloscht ka féieren. A Frankräich warnt d'Agence fir Liewensmëttelsécherheet. Wéi ass et zu Lëtzebuerg?

reading time

2 min

© picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann / SVEN SIMON
(Foto: picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann / SVEN SIMON)

A Frankräich huet déi national Agence fir Liewensmëttelsécherheet an Ëmweltschutz, d’ANSES, Enn Mäerz e Rapport publizéiert, dee wéist, datt am Hexagon den Taux u Kadmium an de Kierper vun der Populatioun immens héich ass. D’Opreegung ass elo grouss an d’Regierung ënner Drock.

Phosphatdünger als Haaptursaach

Kadmium ass beispillsweis an der Loft, am Waasser, a Kosmetikproduiten an awer och an Zigaretten. De gréisste Faktor ass awer d'Alimentatioun. Aus dem Rapport vun der ANSES geet ervir, datt d'Hallschent vun der erwuessener Populatioun a Frankräich iwwer der Norm vun deem läit, wat ee soll u Kadmium am Kierper hunn. 

Haaptgrond fir déi aktuell Kris ass de Phosphatdünger. Dowéinst ass de Buedem staark kontaminéiert. 

Och aner Länner si vun der Problematik betraff, Frankräich ass awer Spëtzereider an Europa. Well Kadmium dacks am Weess ze fannen ass, ass d'Brout dacks staark belaascht. Grad a Frankräich gëtt awer vill Brout giess, awer och aner Produiten, ewéi Nuddelen. Dobäi kënnt, datt Frankräich vill Liewensmëttel aus dem Marokko importéiert, wou de Kadmiumgehalt am Phosphatdünger héich ass. 

Lauschtert hei d'Erklärunge vun eisem Korrespondent Max Tholl 

Lëtzebuerg benotzt aneren Dünger

Lëtzebuerg géif iwwerdeems relativ gutt do stoen, seet den Danny Züst vun der Liewensmëttelverwaltung ALVA. Dat géif virop dru leien, datt zu Lëtzebuerg aner Dünger benotzt gi wéi a Frankräich. 

Och wat den Import vu Liewensmëttel ugeet, géif een zu Lëtzebuerg stréng kontrolléieren. 

"Wa mer Produite fannen, déi erakommen, déi ze vill Kadmium dran hätten, gi se vum Maart geholl. Doduerch datt mir eis Kontrolle maachen an och d'Operateuren hir eege Kontrolle maachen, soll garantéiert ginn, datt dat, wat um Marché ze fannen ass, kee Problem fir d'Gesondheet duerstellt."

Lokaalt Uebst a Geméis konsuméieren, kéint schonn hëllefen, fir net zevill Kadmium opzehuelen, esou den Danny Züst. 

Lauschtert hei déi ganz Erklärunge vun der ALVA