Mat där neier europäescher Taxonomie fält elo och d‘Atomenergie dorënner. Dat ass e Klassifikatiounssystem, dee vun der EU agefouert gouf, fir privat Investitiounen an ekonomesch Aktivitéiten ze mobiliséiere, déi fir nohalteg gehale ginn.
Am Juli 2022 gouf d'Nuklearenergie offiziell vum EU Parlament als nohalteg Energie ageschriwwen. Eng kontrovers Entscheedung, déi fir vill Diskussioun gesuergt huet.
Ronn 5,8 Milliarden Euro u gënschtege Prête ginn elo genotzt fir d‘Lafzäit vun de franséischen Atomzentralen ze verlängeren. Déi franséisch Atomenergie ëmfaasst 56 Reakteren.