Radioen

On air

Concert  |  Zwee tschechesch Komponisten

play_arrow Live
search

/ Frankräich feiert haut den 106. Anniversaire vum Armistice

Enn vum éischte Weltkrich

Frankräich feiert haut den 106. Anniversaire vum Armistice

Frankräich feiert haut den 106. Anniversaire vum Armistice, dem Enn vum éischte Weltkrich. Fir dës Occasioun ass de brittesche Premier Keir Starmer zu Paräis op Besuch an huet mam President Emmanuel Macron och déi aktuell international Politik diskutéiert.

auto_stories

1 min

Place de la République | © picture alliance / NurPhoto | Giulia Morici

Traditionell an eenzegaarteg – sou huet den Elysée déi haiteg Gedenkzeremonie genannt, déi fir d’éischt zënter dem Winston Churchill 1944 e brittesche Premier zu Paräis fir d’Feier vum Armistice empfänkt. D’Zeremonie markéiert och den 120. Anniversaire vun der Entente cordiale, déi 1904 d’Interessekonflikter tëschent Frankräich a Groussbritannien gereegelt huet.

Gedenkfeier beim Arc de Triomphe

Kuerz no 11 Auer koumen den Emmanuel Macron an de Keir Starmer beim Arc de Triomphe un, nodeems si sech virdrun am Elysée fir eng Stonn laang Entrevue getraff haten, bei där si sech iwwer aktuell Erausfuerderungen ausgetosch hunn.

Gespréicher iwwert Auswierkungen vun der US-Wal an d’Zukunft vun Europa

Virun allem d’Victoire vum nächsten US-President Donald Trump an d’Auswierkungen op d’Nato an de Krich an der Ukrain sollten hei am Fokus gestanen hunn, genee wéi d’Situatioun am Noen Osten. D’Visitt vum Starmer gëtt als Zeeche vum europäeschen Zesummenhalt gesinn, besonnesch an dësen onsécheren Zäiten.

Europäesch Souveränitéit: Eng Prioritéit fir Frankräich

De franséische Verdeedegungsminister Sébastien Lecornu sot de Méindeg de Moien op France 2, datt Europa sech fir strategesch a militäresch Autonomie asetze soll, awer ouni iwwerhast Aktiounen. Hie betount, datt dëst just d’Ofhängegkeet vu Washington verstäerke kéint, wat en „contresens historique“ wier.