arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich envisagéiert juristesch Schrëtt no israeeleschem Video

Flotilla

|
reading time

1 min

Frankräich envisagéiert juristesch Schrëtt no israeeleschem Video

Frankräich schléisst juristesch Schrëtt géint Israel net aus. Hannergrond ass e Video vum israeelesche Policeminister, deen no der Festnam vun Aktiviste vun enger Gaza-Hëllefsflott international Kritik ausgeléist huet.

reading time

1 min

De franséiche Premier Sebastien Lecornu | © EPA/ALAIN JOCARD / POOL MAXPPP OUT
De franséiche Premier Sebastien Lecornu (Foto: EPA/ALAIN JOCARD / POOL MAXPPP OUT)

De franséische Premier Sébastien Lecornu huet an der Assemblée nationale vun engem „nidderträchtege“ Verhale vun Israel géintiwwer den Aktiviste vun der internationaler Hëllefs-Flott fir Gaza geschwat.

Ausléiser ass e Video, deen de riets-extreemen israeelesche Policeminister Itamar Ben-Gvir op der Plattform X publizéiert hat. Dorop ass ze gesinn, wéi hie viru gefesselten Aktivisten en israeelesche Fändel schwenkt a sech iwwer si lëschteg mécht.

De Video huet international Kritik ausgeléist. Well ënner den Aktivisten och Fransouse waren, géif Frankräich juristesch Schrëtt géint all méiglech Verstéiss préiwen, esou de Premier.

Och zwee Lëtzebuerger Residente waren ënner den Aktivisten, déi festgeholl an an Israel bruecht goufen.