arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich brauch e Budget - Premier Lecornu huet Kompromësser ugekënnegt

Frankräich

|
headphones

2 min

Frankräich brauch e Budget - Premier Lecornu huet Kompromësser ugekënnegt

Gëschter um Freideg hat d’Regierung annoncéiert, all d’Budgetsdebatten an der Assemblée nationale bis en Dënschdeg ofzesoen. Da soll de Budget wuel nees ouni Vote duerch d’Parlament geboxt ginn. Fir e Mësstrauensvote ze iwwerstoen, huet de Premier Sébastien Lecornu e puer Kompromësser ugekënnegt.

headphones

2 min

En Dënschdeg wäert de Sébastien Lecornualler Warscheinlechkeet no, nees Gebrauch vum Artikel 49.3 oder awer enger Ordonnance maachen, fir de Budget duerch d'Parlament ze bréngen.

Mësstrauensvott scho mat aberechent

Dat, nodeems e Vott der Regierung onméiglech ginn ass, well d'Oppositiounsparteien LFI an RN hei blockéiere géingen. D'Regierung rechent scho mat e puer Mësstrauensvotten an ass op de Support vun de Sozialisten ugewisen, fir am Amt ze bleiwen.

Dofir hat de Lecornu gëschter um Freidegowend e puer Zougeständnisser un d'Sozialiste gemaach. Eng Haaptfuerderung vun de Sozialiste war eng Erhéijung vun der Prime d'activité, déi un niddreg Verdénger geet.

Si sollen an der Moyenne 50 Euro méi deen Ament kréien.

"Plus de 3 millions de ménages qui gagnent le SMIC ou un peu plus que le SMIC seront désormais garantis de gagner plus à la fin du mois. Ils verront leur prime d'activité augmenter en moyenne de 50 euros par mois. C 'était une demande clairement formulée. Le Gouvernement s'y engage."

Och sollen d'Stéit net méi staark besteiert ginn.

Ekologesch Transitioun, Logement a Jugend

E wichtege Fokus fir de Lecornu ass och d'Jugend.

D'Studentebourse gi bäibehalen an et kënnt eng Mesure fir, datt d'Studente fir 1 Euro op der Uni iesse kënnen. Och beim Logement a bei der ekologescher Transitioun geet de Premier op d'Fuerderunge vun de Sozialisten an. 400 Millioune sollen zousätzlech an de soziale Wunnengsbau an 200 Milliounen an ekologesch Projete fléissen.

Sozialiste bis ewell zefridden

D'Sozialisten hunn d'Annoncë begréisst an als reell Fortschrëtter bezeechent. Et wier eng wichteg Etapp fir e Kompromëss ze fannen.

Nach géing et awer Punkte ginn, déi ee misst klären.

De Rescht vun der Gauche an och de rietsextreemen RN hunn d'Mesuren an och d'Méiglechkeet vun engem nächsten 49.3 staark kritiséiert.