Radioen

On air

Notturno  |  Lump - Animal

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich: Sträit bannent de rietse Parteie geet weider

Allienz vun de rietse Parteien

Frankräich: Sträit bannent de rietse Parteie geet weider

A Frankräich gëtt et elo och Sträit bei der riets-extremer Partei Reconquête. Där hire President Eric Zemmour huet gëschter d‘Vize-Presidentin Marion Maréchal aus der Partei ausgeschloss.

auto_stories

1 min

© Bigstock / PaulMaguire

Dat nodeems si dozou opgeruff hat, bei de Neiwalen den 30. Juni a 7. Juli Kandidate vun der Allianz tëscht Les Republicains an dem Rassemblement National ze ënnerstëtzen.

Dës Allianz, déi de President vu Les Républicains Eric Ciotti annoncéiert hat, huet derzou gefouert, datt hie vum politesche Büro vu senger Partei ausgeschloss gouf.

Den Eric Ciotti akzeptéiert dat net an huet ugekënnegt dat d‘Geriichter ageschalt gi wieren. Parallel war et de Moien d‘Informatioun dat de Ciotti schonn haut Gespréicher mat der spëtzt vum RN féiert. Wéi Le Monde haut schreift hätt de bretonesche Milliardär Vincent Bolloré d‘Allianz vun de rietse Parteien orchestréiert an sech mam Eric Ciotti ofgeschwat.