Radioen

On air

De Weekend  |  Bert Goergen - DT Esch Abol

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich: Bauereprotester an dräi Phase bis Januar

Landwirtschaft

Frankräich: Bauereprotester an dräi Phase bis Januar

Vun e Méindeg un a villäicht nach bis an de Januar eran, wëllen d’Baueren a Frankräich nees protestéieren. An dräi Phase soll géint dräi Sujete manifestéiert ginn. E Méindeg läit de Fokus virun allem um Mercosur, also dem geplangten Handelsofkommes tëschent der EU a südamerikanesche Staaten. 

auto_stories

2 min

Bauereprotest Symbolbild | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Socher/ Eibner-Pressefoto
Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Socher/ Eibner-Pressefoto

Leschte Wanter haten d’Baueren a Frankräich ëmmer nees d’Autobunne blockéiert fir géint d’Politik vun der Regierung an der EU ze protestéieren. Wéi d’Gewerkschaft FNSEA dës Woch ugekënnegt huet, wëll ee vu Méinden un nees do weidermaachen. Allerdéngs huet de Gewerkschaftschef Arnaud Rousseau op France Inter erkläert, dës Kéier wéilt ee keng Blockagë benotzen. 

Datt de Protest grad um Méindeg weidergeet ass keen Zoufall. Dann nämlech start de G-20 Sommet zu Rio, wou och iwwert de Mercosur-Handelsaccord tëschent der EU a verschiddene südamerikanesche Länner diskutéiert wäert ginn. Fir d’FNSEA ass kloer, datt dësen Accord sech negativ op d’europäesch Landwirtschaft géing auswierken.

Aktuell Form vun Accord och fir Macron inakzeptabel

Och de franséische President Emmanuel Macron sot a senger aktueller Form wier den Accord net akzeptabel. D’Bauere wäerten uechter d’Land protestéieren, virun allem virun de lokale Prefekturen an op Rond-Pointen. Niewent dem Mercosur-Accord geet et an dëser éischter Phas och ëm Steiererliichterunge fir ukrainesch Importproduiten an d’Suergen, datt China an och d’USA europäesch Agrikulturproduiten nees méi staark besteiere kéinten.

An enger zweeter Phas am Dezember soll et dann dorëms goen, géint sëlleg Restriktiounen zum Beispill bei de Planzeschutzmëttel oder Waasserreservoiren ze protestéieren. An der drëtter Phase, déi bis Januar kéint dauere, soll et dann ëm d’Revenuen an der Landwirtschaft goen.

Lauschterenplay_arrow