Radioen

On air

Concert  |  Ee Quintett an zwee Quartetter

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich: Barnier versprécht, datt d‘Steieren net fir jiddereen erhéicht ginn

No Annonce vun neier Regierung

Frankräich: Barnier versprécht, datt d‘Steieren net fir jiddereen erhéicht ginn

Gëschter Owend huet sech de franséische Premier Michel Barnier eng éischte Kéier zanter der Annonce vu senger neier Regierung zu Wuert gemellt. An engem Interview mat France 2 huet hien ënner anerem dozou opgeruff Kompromësser mat den anere Parteien ze fannen an e puer Versprieche fir seng Amtszäit ofginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Michel Barnier | © picture alliance / ROPI | Cesareo/Fotogramma play_arrow
Foto: picture alliance / ROPI | Cesareo/Fotogramma

Max Tholl (Paräis)

En éischte Virgeschmaach op de Regierungsprogramm huet de Michel Barnier de Sonndeg den Owend geliwwert an och direkt kloergestallt, datt seng Regierung an de President Macron net an enger Co-Habitation wieren. Schliisslech wier dem President seng Partei jo och déi stäerkste Kraaft an der Regierung, dowéinst wäert et dem Barnier no hei keng Problemer ginn.

Attal wëllt Garantie, datt Fräiheeten net begrenzt ginn

Fir e wéineg Tensiounen hat awer d'Fuerderung vum Barnier sengem Virgänger a Chef vum Grupp Renaissance, de Gabriel Attal, gesuergt. Wéinst verschiddene konservative Ministeren a Ministerinnen, déi sech an der Vergaangenheet zum Beispill dogéint ausgeschwat haten, d'Recht op Ofdreiwung an d'Konstitutioun opzehuelen oder géint den homosexuelle Mariage waren, wëllt den Attal eng Garantie vum Barnier, datt dës Fräiheeten net begrenzt ginn, an déi huet de Premier och onmëssverständlech ginn.

Kompromëssbereetschaft muss nach geléiert ginn

Genee esou däitlech war och säi Verspriechen, d'Steieren net grondsätzlech ze erhéijen. Och wëllt de Barnier sech Zäit huele fir mat de Sozialpartner zesummen déi ëmstridde Pensiounsreform unzepassen. Op seng feelend Majoritéit ugeschwat sot de Barnier, et géif kee Wee un enger breeder Zesummenaarbecht am Parlament laanschtféieren. Dës Kompromëssbereetschaft misst awer a Frankräich nach geléiert ginn.

Lauschterenplay_arrow

Ob d'Oppositiounsparteien och sou kompromëssbereet wäerte sinn, ass schwéier ze soen. De Verhandlungsspillraum ass jiddefalls kleng. De Barnier wäert warscheinlech Ouverturë maachen. Wat d'Migratiounspolitik ugeet éischter an d'Richtung vum RN a wat d'Pensiounsreform betrëfft an d'Richtung vun der Gauche. Woubäi et der Gauche net ëm eng Verbesserung vun der Pensiounsreform geet, mee en zeréckzéien.

Lauschtert de ganzen Talk mam Max Thollplay_arrow