Radioen

On air

Mëttesrascht  |  1.000 Deeg Krich an der Ukrain

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankfurt: 140 annuléiert Flich wéinst Klimademonstranten

Flughafen Frankfurt/Main

Frankfurt: 140 annuléiert Flich wéinst Klimademonstranten

De Moien hunn Demonstranten de Flughafe vu Frankfurt perturbéiert. Si hu fir de Klimaschutz manifestéiert an denoncéieren och déi sëlleg Zäregas-Emissiounen, déi et duerch de Fluchverkéier gëtt. Wärend dräi Stonnen hunn d’Demonstranten de Flughafe besat.

auto_stories

1 min

140 Flich hunn doduerch missten annuléiert ginn. Et kënnt och nach am Laf vum Dag zu weidere Perturbatiounen.

Wien also iwwert Frankfurt muss fléien, soll sech virdrun informéieren.

Gëschter schonn hate sech fënnef Klimaaktiviste wärend 3 Stonnen un der Piste vum Fluchhafe Köln/Bonn festgepecht.