arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ François Fillon verurteelt

Frankräich

|
reading time

1 min

François Fillon verurteelt

De fréiere franséische Premier François Fillon gouf definitiv an der Affär wéinst fiktiver Beschäftegung vu senger Fra zu 4 Joer Prisong mat Sursis, enger Geldstrof a 5 Joer Ineligibilitéit veruerteelt.

reading time

1 min

François Fillon | © picture alliance / Photoshot | -
François Fillon (Foto: picture alliance / Photoshot | -)

Dat hunn d‘Riichter um Appellsgeriicht zu Paräis entscheet. Domat ass d‘Strof méi niddereg ausgefall, wéi am viregten Urteel. Virun 3 Joer war de François Fillon nach zu engem Joer feste Prisong, 10 Joer Ineligibilitéit an där selwechter Geldstrof verurteelt ginn. Virun 8 Joer hat d‘Zeitung Le Canard Enchaîné d‘fiktiv Beschäftegunge vu senger Fra Penelope als parlamentaresch Attachée vun hirem Mann op d‘Tapéit bruecht.