Um Enn war et wéi erwaart eng kloer Affär: 364 Deputéiert hunn de François Bayrou ofgewielt, just 194 wollten hien am Amt halen. Keng grouss Iwwerraschung a mëttlerweil och keng Raritéit méi a Frankräich, dat elo säi fënnefte Premier bannent 2 Joer kritt.
Dee 5. Premier bannent 2 Joer
Dëse soll elo ganz séier an den nächsten Deeg annoncéiert ginn, hat den Elysée nom Vott an engem Communiqué matgedeelt. Keng Neiwalen also, wéi et de rietsextreemen RN gefuerdert hat.
D'Parteicheffin Marine Le Pen sot schonn, datt ouni Neiwalen den nächste Premier vum Macron sech op e Mësstrauensvott vum RN preparéiere muss. Iwwerdeems huet de Sozialistechef Olvier Faure gëschter Owend op TF1 nach eemol bekräftegt, datt hien eng Regierung ënner lénker Féierung wëllt, och wann dës villäicht keng Majoritéit hätt.
Onstëmmegkeete wat den Artikel 49.3 ugeet
De Jean-Luc Mélenchon vun der Lénkspartei La France Insoumise sot, hie géing eng Kandidatur vum Olivier Faure net ënnerstëtzen. Och den Inneminister a President vun de konservative Les Républicains, de Bruno Retailleau sot um Méindegowend seng Partei géif sech u kenger Regierung ënner sozialistescher Féierung bedeelegen.
Den Olivier Faure sot, eng sozialistesch Regierung géing kee Budget mat Hëllef vum kontroversen Artikel 49.3 duerch d'Parlament boxen, mee amplaz den Dialog mat der Oppositioun sichen a Kompromësser agoen.
Dräi Optiounen di sech ervir
De President Emmanuel Macron huet matgedeelt, datt en Nofollger an den nächsten Deeg soll genannt ginn.
Aktuell zirkuléieren haaptsächlech 3 Nimm aus dem Regierungslager, ween d’Nofolleg vum François Bayrou kéint iwwerhuelen. Dat sinn den aktuellen Arméisminister Sebastien Lecornu, den aktuelle Wirtschaftsminister Éric Lombard, deen och Sympathië bei der Gauche huet, an de fréiere Premier Bernard Cazeneuve.
Protester blockéieren d'Mobilitéit
Um Mëttwoch sinn a ganz Frankräich Protester ugekënnegt: D‘Beweegung „bloquons tout“, déi vun der Gauche ënnerstëtzt gëtt, huet dozou opgeruff.
Déi Aktioune wäerten och Repercussiounen op Lëtzebuerg hunn, esou d‘CFL.
D‘Linn a Richtung Lonkech wäert a béid Richtunge betraff sinn, do wäerten d‘Zich just bis op Rodange fueren.
D‘Linn Lëtzebuerg-Metz wier fir den Ament awer net betraff, esou nach d‘CFL. Déi regional Zich an d‘TGVë missten deemno normal fueren.