Hien huet fir den 8. September e Vertrauensvott am Parlament ugekënnegt, dee Frankräich nees an de politesche Chaos stierze kéint. D'Oppositioun vun der Gauche a vum Rassemblementer National hu scho gesot, si géifen dem Bayrou kee Vertraue méi ginn.
Hannergrond vun dëser weiderer politescher Kris a Frankräich sinn dem François Bayrou seng ëmstridde Pläng fir en neie Budget. D'Regierung wëllt 44 Milliarden Euro spueren.
Eise Frankräich-Korrespondent Max Tholl mat Detailer