De François Bayrou war haut Invitée bei der Rentrée vun der gréisster Gewerkschaft, der CFDT. Gëschter um Méindeg hat hie jo annoncéiert, datt den 8 September an der Assemblée e Vertrauensvott soll ofgehale ginn. Dat am Kontext vun de Budgetspläng vun der Regierung.
Rechneresch huet de Bayrou keng Majoritéit a muss ëm säin Amt fäerten. Hien huet haut awer gesot, d’Parteie misste sech tëschent Chaos a Responsabilitéit entscheeden.
Oppositioun stellt sech op Neiwalen an
Hien sot och, hie wier bereet, de Sozialpartner d’Gestioun vu wichtegen Deeler vun der Sozialversécherung ze iwwerdroen, notamment d’Assurance-Chômage, ëm déi vill gestridde gouf. Och wier hie bereet, verméigend Persoune méi staark ze besteieren, esou de Bayrou.
Ob dat awer d’Oppositiounsparteien zu engem Ëmdenke bréngt, dierft bezweifelt ginn. Haut hu si nach eemol bekräftegt, datt si géint d’Regierung votéiere wäerten a sech schonn op Neiwalen astellen.
Macron wëllt Neiwale verhënneren
Bei der Regierung wëllt een nach net esou wäit denken, och wann de Sujet Neiwalen net ausgeschloss gëtt. De Justizminister Gérald Darmanin sot de Moien, Neiwale wieren eng Optioun, mee et wier besser e Kompromëss ze fannen.
De President Emmanuel Macron wëllt Neiwale verhënneren an et läit un him ze entscheeden, wéi et weidergeet.
Iwwerdeems huet d’Lénkspartei La France Insoumise de Moien annoncéiert, datt een den 23. September eng Destitutiounsprozedur wäert aleeden, fir de President ofzesetzen. Heifir ass eng Zweedrëttelmajoritéit néideg, wat den Ament éischter onrealistesch erschéngt.