D’Chambre du conseil vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg misst nach decidéieren, ob et genuch Hiweiser fir e Prozess géif ginn. De Justizspriecher Henri Eippers confirméiert op Nofro hin all d’Informatiounen aus dem Artikel vu Reporter.lu.
Iwwerdeems präziséiert hien, datt de Parquet d’Decisioun vun der Chambre du conseil wäert kommunizéieren, wa se bis virläit.
D’lescht Joer scho war bekannt ginn, datt den deemolege Generol Alain Duchaine ugeklot ass. De François Bausch kéint elo wéinst der politescher Responsabilitéit vun deem Accident op d’Uklobänk kommen.
Bei der Uklo sollt et net ëm den Doud vun den zwee Zaldote goen, mee ëm d’Blessure vun den zwee aneren Zaldoten: Also ëm Coups et blessures involontaires.
Am Kontext vum François Bausch schreift Reporter.lu vun engem däitleche Revirement an der Strofverfollgung.